UNION COMMERCIALE ET ARTISANALE DE MONDORF-LES-BAINS |
|---|
| Menus de la semaine: | LA BOCCHINA | CAFÉ DE PARIS | PURPLE LOUNGE | MAUS KÄTTI | SCHUMACHER |
|---|
|
|---|
PROXY DELHAIZE
alles fresch op der Ellenger Gare
| |
|---|---|
Frësch a qualitativ héichwärteg Wueren am komplette Liewensmëttelberäich - an dobäi der Clientèle e kompetenten an héichwärtegen Service garantéieren : esou kënnt een d'Philosophie vum Proxi Delhaize op der Ellénger Gare beschräiwen. Esou kritt Dir zum Beispill zu alle beschtbekannte Markenartikele gleichwärteg Produkter vun der Mark Delhaize ugebueden matt engem Praisavantage vun opp d'mannst 10 % an de Client fënnt am Proxy Delhaize eng komplett Gamme vu Bio-Produiten - eng ëmmer méi gesichten Alternativ zum klasseschen Assortiment - an dat och am Frëschrayon. Nei as de Café Take Out La Bocchina - eng idéal Adresse fir séier eppes géint de kléngen Honger z'ënnerhuelen an am Proxy Delhaize op der Ellenger Gare fannt Dir och zwee beschtbekannten Traditiounshaiser, de Bäcker Fischer an den Emo Metzler. |
|